Skip to main content

Fitness

Pickleball ass engMeschung aus Fiederball, Tennis a Ping Pong. Nei an  eisem Programm awer super flott. Probeiert et aus.

Kachen

En einfachen awer leckeren Dessert dee quasi zu all Geleeënheet passt, an eiser Equipe emmer gutt schmaacht.

 

Fräizäit

Mat de 50€ Bongen hu mer déi Leit déi net wollten alleng an Hotel op e flotte Minitrip invitéiert.

Fitness

Setzturnen ass guer net langweileg an och guer net esou einfach. Kroopt iech e Stull a maacht mat!

Kachen

Hei emol e gesond Rezept vir lecker salzeg Muffins. Ganz gutt bei Geessekéis oder Camembert.

Bon appétit

 

Verschiddenes

Vir d'20 Joer vum Club kruut d'Personal eng komplett nei Garderobe, déi de Clément iech an desem Video virstellt

Fitness

E sportleche Setzdanz, dee mer ongeschnidden gelooss hunn. Vir ze schmunzelen a matzemaachen

 

Kachen

Byrek oder Börek oder Bürek, demno a wei engem Land een ass, ass eng osmannesch Spezialitéit. De Josy weist iech hei déi albanesch Variant mat Poretten. Gudden Appetit.

Fitness

Och an dësem Video fannt dir verschidden Exercicer vir am Gaart oder ennerwee.

 

 

Fitness

De Clément weist Iech hei e Circuit mat Exercisser déi dir gutt an der Stuff kënnt maachen. Lénks an der méi schwiereger Versioun a riets um Bild eng vereinfacht Versioun vun de selwechten Exercisser.

Fitness

Den Thierry an den Ervin weisen iech e puer Übungen déi dir no ärem Kënnen am Sëtzen oder am Stoe matmaache kënnt.

Kachen

De Josy weist iech hei e Rezept vun engem schmantege Kéiskuch, dee secherlech bei Frënn a Famill gutt ukënnt

Fitness

Am 2. TRX Video weist de Clément iech Übungen déi am Grad méi schwéier sinn, mee awer och all doheem nozemaache sinn.

Fitness

Den Thierry an den Ervin weisen iech Exercicer am Nordic Walking déi dir och doheem am Gaard maache kennt.

Fitness

Sportkleeder un a lass. Flott Exercisser vir doheem déi de Clément zesumme mat iech mecht.

Fräizäit

An dësem Video weist den Ervin iech, zesumme mam Thierry a mam Joe, wéi ee flott Zerwéiten faale kann vir den Dësch mi festlech ze maan.

Hei en Häerz an eng Lotusblumm

Fitness

Den Thierry weist eis e puer Übungen déi mer mat Hëllef vun engem Stull gutt doheem kënne maachen

Bleift gesond!

 

Kachen

Josy nous montre ici comment cuisiner des boulettes à la sauce rouge.

Bon appétit !

Fitness

Thierry nous montre ici comment rester en forme en étant assis.

Kachen

E gudde crèmege Risotto gëtt an dësem Rezept gemeet. Vill Spaass beim Nokachen.

Gudden Appetit

Fitness

Mat dësem Video weise mer Iech dass Sport ka richteg Spaass maachen, an zum Schluss gesidd dir och nach wéi d'Gesiichtsmuskelen trainéiert ginn

Kachen

De Josy weist eis wéi ee mat e Puer Zutaten e leckert Brout (Fladenbrot) ka maachen.

Bon appétit!

Fitness

De Clément weist eis Übungen vir eis Bauchmuskelen. An déi sinn och vir hien net einfach

Kachen

De Josy mescht eng Schokelasmousse ouni Eeër. D'Kalorien krut en awer net eraus.

Gudde Appetit

Fitness

TRX vir doheem a vir Ufänger. Hei gesitt dir e bëssen wat TRX ass an dir kënnt verschidden Übungen einfach doheem maachen

Bleift gesond