Den Thierry an den Ervin weisen iech e puer Übungen déi dir no ärem Kënnen am Sëtzen oder am Stoe matmaache kënnt.
Och an dësem Video fannt dir verschidden Exercicer vir am Gaart oder ennerwee.
Byrek oder Börek oder Bürek, demno a wei engem Land een ass, ass eng osmannesch Spezialitéit. De Josy weist iech hei déi albanesch Variant mat Poretten. Vill Spaass beim Nomaachen a gudden Appetit.
De Clément weist Iech hei e Circuit mat Exercisser déi dir gutt an der Stuff kënnt maachen. Lénks an der méi schwiereger Versioun a riets um Bild eng vereinfacht Versioun vun de selwechten Exercisser.
De Josy weist iech hei e Rezept vun engem schmantege Kéiskuch, dee secherlech bei Frënn a Famill gutt ukënnt.
Am 2. TRX Video weist de Clément iech Übungen déi am Grad méi schwéier sinn, mee awer och all doheem nozemaache sinn.
Den Thierry an den Ervin weisen iech Exercicer am Nordic Walking déi dir och doheem am Gaard maache kennt.
Sportkleeder un a lass. Flott Exercisser vir doheem déi de Clément zesumme mat iech mecht.
Bleift gesond.
An dësem Video weist den Ervin iech, zesumme mam Thierry a mam Joe, wéi ee flott Zerwéiten faale kann vir den Dësch mi festlech ze maan. Hei en Häerz an eng Lotusblumm.
Den Thierry weist eis e puer Übungen déi mer mat Hëllef vun engem Stull gutt doheem kënne maachen.
Bleift gesond !
A sengem Video vun haut weist de Josy eis wéi hien Boulette mat rouder Zooss kacht.
Gudden Appetit !
A sengem Video vun haut weist den Thierry eis wéi een sech och am Sëtzen kann fit halen.
Bleift gesond !
E gudde crèmege Risotto gëtt an dësem Rezept gemeet. Vill Spaass beim Nokachen a Gudden Appetit.
Mat dësem Video weise mer Iech dass Sport ka richteg Spaass maachen, an zum Schluss gesidd dir och nach wéi d'Gesiichtsmuskelen trainéiert ginn ;)
De Josy weist eis wéi ee mat e Puer Zutaten e leckert Brout (Fladenbrot) ka maachen.
Gudden Appetit!
De Clément weist eis Übungen vir eis Bauchmuskelen. An déi sinn och vir hien net einfach...
De Josy mescht eng Schokelasmousse ouni Eeër. D'Kalorien krut en awer net eraus.
Gudden Appetit!
TRX vir doheem a vir Ufänger. Hei gesitt dir e bëssen wat TRX ass an dir kënnt verschidden Übungen einfach doheem maachen.