Mir wënschen Iech alles Guddes am neie Joer!

Als aller Eischt emol e gutt a gesond neit Joer. Duerch dat neit Pandemiegesetz wat virleefeg bis den 10. Januar 2021 a Kraaft ass, musse mir awer leider eis Aktivitéiten oofsoen.

Elo mol viraussichtlech bis den 10. Januar. Sollt d’Regierung déi momentan Mesuren awer iwert den 10. Januar eraus verlängeren, da musse mir eis do uschléissen.

Bis dohinner probéiere mir mat klenge Videoen, Spiller an aanere virtuellen Aktivitéiten mat iech a Kontakt ze bleiwen. Dir kënnt eis Sät op Facebook kucke goen (Club Uelzechtdall).

Mir hunn och verschidde Sportcouren iwert Videokonferenz! Sollt Iech dat interesséieren da rufft eis un.
Wa Froe sin, wann dir Hellëf bei den Akeef braucht, oder wann dir vulnerabel Persounen em Iech hudd, déi eventuell Hëllef brauchen, bleiwt eise Bureau natierlech wéi emmer fir Iech op, a mir sinn telefonesch oder per mail erréchbar. 

Villmols merci am Viraus fir äert Versteesdemech

Copyright Club Uelzechtdall asbl

Web Design by media4all.lu

Club Uelzechtdall
10, rue des Martyrs
L-7375 Lorentzweiler
+352 26 33 64-1
Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!