Theater: Gëllen Zäiten
Et gëtt näischt wat d’Patronne Myriam, an der Pensioun „Um Séi“ dervun ofhale kann, dëse Weekend esou optimal wéi méiglech z’organiséieren. E klenge Malheur….een Imprévu ass dann och séier aus der Welt geschaf, esou dass dem Wuelbefanne vun de neie Gäscht am Fong näischt méi am Wee dierft stoen……..Allerdéngs sollt d’Rechnung dës Kéier ouni de Wiirt gemaach ginn.
Mat der neier Klientell bléist op ee Coup ee ganz spezielle Wand an der Pensioun..…..Eng Mëschung aus kriminellem Flair, enger uerdentlecher Portioun Culot, vill Spannung, gepeffert mat zolittem Chaos suergen elo fir déi richteg Theaterstëmmung wa
...
read more
nn et zu Lëntgen erëm heescht……Riddo op fir: Gëllen Zäiten