
Mierscher Theater: Hopp Marjänn
45 Joer no der Uropféierung presentéiert de Mierscher Theater eng hallefzeenesch Opféierung mat der Lëtzebuerger Militärmusek, dirigéiert vum Lt-Col Jean-Claude Braun. Et sangen Esther Conter, Adrien Papritz, Liss Walisch an anerer.
Den Text ronderëm d’Geschicht vun der jonker Wäschfra, déi aus dem Pafendall an d’Stad kënnt fir puer honnert Frang ze verdéngen, staamt vum Schrëftsteller a Kabarettist Pol Pütz. Den Auteur beschreift déi Stater Leit als distinguéiert an iwwerhieflech, sou wéi d’Pafendaller se gesinn hunn, ganz subjektiv vun ënnen no uewen.
De Musical spillt an den zwanzeger Jore vum 19. Jorhonnert, do wo
...
read more
u fréier d’Marjänn an d’Mais als Wäschfrae geschafft hunn, oder de Jéng an den Abbes sech als Schéiereschlëffer oder mat soss krommen Affairen e Su verdéngt hunn. D’Lidd vum décken a vum klenge Mann, d’Moritat vum Mingosflëpp oder nach d’Lidd vun der Moral gehéieren zu den Héichpunkten aus der Fieder vum Duo Pütz an Nimax. Ganz um Schluss vum Stéck muss d’Marjänn sech agestoen: „Du wors eng Laus, du bleifs eng Laus!“
Où: Mierscher Theater