THEATER Schous – „Verstoppten Tatsaachen"
Zënter den Hobbymoler Max keng verstëbste Landschaftsbiller méi moolt, mee plakeg jonk
Dammen hanner Planzen drapéiert, huet hien endlech Erfolleg a kritt eng Ausstellung an
enger Galerie. Dem Max seng Fra weess näischt vun all deem an de Max wëllt datt dat och
esou bleift. Eng Studentin steet dem Max Modell, wann deem seng Fra beim 'Kaartespill'
ass. Enges Daags kënnt dem Max seng Fra mat hire Frëndinnen éischter heem wéi virgesinn
an de Max kënnt nawell béis an d'Laberenten.